communique

Den 23. Mäerz 2018 hunn d’Jugendparlament, d’Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg (CNEL) an d’Carrefour Pastorale des Jeunes hir Kandidatur gestallt fir Member vun der Conférence Générale de la Jeunesse du Luxembourg (CGJL) ze ginn.

D’CGJL ass den Daachverband vun all de Jugendorganisatiounen am Land. Aus dësem Grond sinn esou wuel d‘CNEL ewéi och d’Jugendparlament der Meenung, dass dës Plattform fir si als Jugendbeweegungen eng wichteg Plaz duerstellt fir d‘Interesse vun hire Memberen auszedrécken an esou gemeinsam d’Interesse vun der Jugend weider ze bréngen. Laut de Statute vun der CGJL erfëllen déi dräi Organisatiounen all Critère fir Member ze ginn an esou dierft dëse Kandidaturen näischt am Wee stoen. Leider war dat den 23. Mäerz op der General Versammlung (AG) net de Fall an d’Jugendparlament gouf enges bessere beléiert. D’AG huet géint eng Memberschaft vum Jugendparlament an der CGJL gestëmmt. Der CNEL an der Carrefour Pastorale des Jeunes hir Demande op Memberschaft gouf ugeholl.

D’Jugendparlament ass enttäuscht iwwert dës Decisioun, a kann se och net no vollzéien. Mir bedaueren, dass d’Engagement vun deene Jonken am Jugendparlament net an der CGJL weidergedroe gëtt. Mir krute leider op der AG och keng Ursaache fir dësen negative Vott mat op de Wee, esou, dass déi Jonk vum Jugendparlament och leider keng eventuell Ännerungen ënnerhuele kënne fir bei enger nächster Kandidatur eng positiv Äntwert ze erhalen.

 

 

Fir den Exekutivbüro vum Jugendparlament,

Loris Laera, President

 

 

Artikel am Tageblatt 28.3.2018