Introduktioun

Eis Kommissioun huet sech am leschte Semester mam Thema “Mënschenhandel” befaasst. Dobäi hu mir festgestallt, dass dëse Problem en onsiichtbart Verbriechen ass, bal keng Statistiken existéieren an et am Allgemengen ënnerschätzt gëtt.

Dëst Thema ëmfaasst vill verschidde Beräicher, do geet et vu Prostitutioun bis Fleege, vu Botzfraen bis Restauratioun oder vu Clochard bis Speditioun…

Ënnert den Affer befannen sech zu engem groussen Deel Fraen, awer och Männer, souwéi Mannerjäreger. Zum Beispill, sinn am Joer 2016 10.000 Mannerjäreger an Europa verschwonnen[1].

[1] https://www.theguardian.com/world/2016/jan/30/fears-for-missing-child-refugees

 

Originalversioun: Resolutioun EGAL Mënschenhandel

Traduction française: Resolutioun EGAL – vers.FR Mënschenhandel