Et gëtt oft dovu geschwat dass d’mental Wuelbefanne vun extrem grousser Prioritéit ass. D´Konsequenzen an Ursaache vu Stress si mëttlerweil bal iwwerall bekannt. Leider ass et momentan de Fall, dass fir vill Schüler d´Schoul eng Quell vu Stress ass a soumat en Impakt op d´Schoulkarriär kann hunn. Den Haaptzweck vun der Schoul ass et, de Schüler auszebilden an hien op ee Wee ze brénge wou hien säi Potential als Mënsch kann erreechen. Dat ass leider oft net de Fall, well d´Schoul vu ville Schüler als eng stresseg Flicht ugesi gëtt. Et ass also kloer, dass eng Rei Ännerunge musse gemaach ginn.

D´Educatiounskommissioun proposéiert sämtlech Ännerungen am Bezuch vun Hausaufgabenverdeelung, der Schoulmatière, Prüfungen, Blitztester a Präsentatiounen. Déi Ännerunge kéinten de Schüler hiren Alldag besser gestalte loossen, soudass si sech méi einfach organiséiere kennen an dass si villäicht och nach bësse mäi Fräizäit kréien.

Version originale : Résolutioun_EDU_Schoulstress_PF_LUX_Original_2021

Traduction française : Résolutioun_EDU_Schoulstress_PF_FR_2021