Hautzedaags gëtt ëmmer méi dovu geschwat de Bildungssystem un eis aktuell Gesellschaft unzepassen an ze moderniséieren. Eiser Meenung as awer an dem Bereich zu Letzebuerg nach Nachholbedarf. Sou ass eis virun allem bei der Individualitéit vum Schüler an der Schoul, déi an engem moderne Schoulsystem noutwenneg ass, opgefall, dat momentan guer net op dëst opgepasst gëtt, souwéi och net weider Ännerunge virgesi sinn. Sou ass et néideg, dat d’ Schüler net generaliséiert ginn an hier Stäerkten an Schwächten net vernoléissegt ginn.

D’ Educatiounskommissioun huet festgestallt, dat d’ Schoul wéinst dëser Generaliséierung vun de Schüler méi engem Wettbewerb gläicht, andeem sech all Schüler duerch déi um Bilan stoende Klassen-Moyennë souwéi de Placéierungen an de Klass ënnertenee vergläicht. Dobäi ass de Stress nach ee weidere grousse Problem, den d’ Individualitéit verhënnert, andeems eng onequilibréiert Verdeelung vun den Hausaufgaben d’ Schüler demotivéiert.

Fir dat ze verbesseren, proposéiert d‘Jugendparlament eng Ofschafung vun de Klassen-Moyennen an eng Neigestaltung vum Bilan. Dozou fuerdere mir, dat d’ Schüler d’ Hausaufgaben an engem digitale Wocheplang matgedeelt kréien an dass déi zum Deel ab 3ème net méi obligatoresch sinn.

Original-Fassung: EDU Individualiteit an der Schoul_2020_FINAL_LUX_Original
Franzéisch Iwwersetzung: EDU Individualiteit an der Schoul_2020_FINAL_FR_TRAD