Introduktioun

Mir haten eis op der éischter Plenière dëst Joer decidéiert, eng Resolutioun iwwert d’Réinsertioun vun EX-Prisonéier an d’Gesellschaft ze schreiwen. Wat de wéinegste vun eis ze dem Zäitpunkt wuel bewosst war, war ewéi grouss dee Problem hei am Land tatsächlech ass. Net nëmme misste mir feststellen, dass entspriechend Gesetzer zwar ugekënnegt sinn, mä awer nach ëmmer verschleeft ginn, mä och dass et landeswäit un Institutioune feelt, fir Drogenofhängegen ze hëllefen, obwuel den Haaptgrond, firwat Leit hei am Land am Prisong landen, Drogendelikter sinn.

Wat do nach derbäi kennt, ass dass zwou vun den Haaptorganisatiounen, wat d’Reinsertioun vu Prisonéier ubelaangt, nämlech de SCAS (Service central d’assistance social) an den SPSE (Service psycho-éducatifs), kaum bis guer kee Budget ze Verfügung hunn, fir hier Projeten effikass ze verfollegen.

Wat d’Reintegratioun vun EX-Prisonéier nach zousätzlech erschwéiert, ass niewent de Viruerteeler vun de Leit, de Fakt dass een am Prisong u sech keng Ausbildung respektiv Léier maache kann, wat awer herno am Liewen nom Prisong enorm wichteg ass. Wat zum Thema Ausbildung dann nach derbäi kennt, ass dass een am Prisong zwar wuel kleng Aarbechte verriichte kann, des awer kaum remuneréiert ginn, wat eng effikass Reintegratioun nach zousätzlech erschwéiert.

 

D’ Jugendparlament:

  • Begréisst déi ugekënnegte Reform vun der Administration Pénitentiaire, déi ënnert anerem ee Plan Volontaire d’Insertion (PVI)[1] virgesäit. Mat Hëllef vun dëser Reform wäert d’Reinsertioun vun den Ex-détenuen em een Däitlecht verbessert ginn. Nichtsdestotrotz ass dëse Gesetzesprojet na net ëmgesat ginn;
  • Mat Suerg zur Kenntnis huelend dass 3/5 vun de Prisonéier Drogenofhängeger sinn;
  • Alarméierend ass, dass nëmmen dräi ënner representéiert Institutiounen am Land zur Verfügung stinn, fir drogenofhängege Leit ze hëllefen;
  • No Austausch mat engem Expert bedauere mir, dass Organisatiounen ewéi de SCAS[2] e net ausräichenden an Organisatiounen ewéi de SPSE[3] iwwerhaapt kee Budget ze Verfügung hunn, fir Virkéirungen ze treffen, esou bal de Prisonéier entlooss gëtt[4] ;
  • Bedauert dass d’Mentalitéit a Viruerteeler géigeniwwer Prisonnéier e grousse Problem fir déijéineg duerstellt, déi sech erëm an d’Gesellschaft reintegréiere wëllen, well si weder Wunneng nach Aarbecht fannen[5] ;
  • No Gespréicher mat engem Responsabele vum SPSE si mir der Meenung, dass d’Aarbecht, déi Prisonéier verriichte kënnen, eng reng Alibiaarbecht ass, well:
  1. a) Hire Verdéngscht nëmmen tëschent 1,8-4,5 Euro d’Stonn bedréit.
  2. b) Dëse Verdéngscht kréien si net als Salaire ugerechent, e fléisst also och net an d’Rentekeess.
  3. c) Hier finanziell Situatioun prekär bleift, schliisslech mussen se an de meeschte Fäll nach Schuedensgeld bezuele.
  • Bedauert, dass Prisonéier keng Léier respektiv weiderféihrend Ausbildung maache kënnen, well den Educatiounsministère hei keng Demarche mëscht;

 

1)            Vue dass de PVI nach ëmmer net als solches unerkannt ginn ass, ermutege mir de respektive Minister, dëse Projet esou séier ewéi méiglech anzeféieren.

2)            Mir fuerderen d’Kreatioun vu neien Institutioune esou ewéi d’Fërderung an den Ausbau vun existéierenden Institutiounen fir Drogenofhängeger.

3)            Mir verlaangen en ausräichende Budget fir Organisatiounen ewéi de SCAS an de SPSE, fir dass si hir Projete kënnen effikass verfollegen.

4)            Fuerdert den Educatiounsministère op, Léieren a weiderféihrend Ausbildungen och a Prisongen unzebidden.

5)            Begréisst d’Initiative vu verschiddene Gemengen, eidelstoend Wunnengen ze taxéieren. Dës Taxe missten eiser Meenung no awer op en ugemoossenen Niveau gehéicht ginn, fir de Problem effikass ze bekämpfen.

6)            Mir encouragéieren Initiativen vu sozialer Mixitéit op Gemengenniveau, fir de Prisonéier och eng reell Chance op Reintegratioun ze bidden.

7)            Mir proposéieren Informatiouns- a Rencontreskampagnen, fir de Leit d’Skepsis virun EX-Prisonéier ze huelen.

8)            Mir fuerderen, dass d’Aarbecht am Prisong besser gereegelt soll ginn, an si en adaptéierten Mindestloun fir hir geleeschten Aarbecht kréie sollen, an dass si sou och kënnen hier Charges Sociales bezuelen.

9)            Mir proposéieren, dass Entreprisen, déi EX-Prisonéier astellen, ënnerstëtzt ginn.

 

Schlussfolgerung

Wat kann een elo nach als Schlussfolgerung soen? Eng effikass Reintegratioun hëlleft net nëmmen de fréiere Prisonéier, mee och der Gesellschaft. Et mëscht d’Gesellschaft méi sécher, an et erméiglecht et, dass manner Steiergelder musse fir d’Ennerhaalung vu Prisongen opgewend ginn, an dass déi sou kennen op anere Plazen investéiert ginn.

Mä fir dass dëst ka geschéien, ass et nach e wäite Wee. Esou laang de Staat net endlech méi Institutioune grënnt, fir Drogenofhängeger ze hëllefen, wäerten déi nach laang eis Prisonge bevëlkeren.

Ausserdeem mussen déi jeeweileg Organisatiounen endlech reell vum Staat ënnerstëtzt ginn ; et kann een net op der enger Säit erklären, d’Prisonge wieren do, fir d’Leit erëm an d’Gesellschaft ze integréieren, op der aner Säit awer déi Organisatiounen, déi dofir verantwortlech sinn, ouni Budget do stoe loossen. Déi Rechnung geet leider net op. A wa mer scho bei konsequentem Handele sinn, da soll de PVI och esou schnell ewéi méiglech a Kraaft trieden, well den awer schonn e Schrëtt an déi richteg Richtung ass. Mä en hëlleft leider net wierklech vill, sou laang e net a Kraaft getrueden ass.

Prisonéier sollen och endlech gerecht bezuelt ginn, fir dass se eng reell Chance op eng gegléckte Reinsertioun hunn, well 1,80 Euro d’Stonn ginn awer um Enn net emol duer, fir sech hei am Land eng Parkplaz ze kafen, vun enger eegener Wunneng net ze schwätzen.

Mee eng gelonge Reintegratioun hänkt net nëmme vu Geld a Wunneng of, mee och vu soziale Kontakter. Dowéinst fuerdere mir, dass Initiativen ewéi sozial Mixitéit méi ënnerstëtzt ginn, fir dass d’Leit méi a Kontakt mat EX-Prisonéier kommen. Dëst soll ënnert anerem och hëllefen, Viruerteeler vun de Leit géigeniwwer de fréiere Häftlingen ofzebauen.

Zum Schluss léisst sech da just nach soen, dass d’Reintegratioun vu Prisonéier net nëmmen aus den ekonomesche Grënn, déi uewe genannt goufen, e Muss ass, mä och aus Mënschlechen. Schliisslech geet et hei em Mënschen, déi zwar eemol op d’schief Bunn gerode sinn, mä am Endeffekt nach ëmmer Mënsche sinn, an als solch eis Hëllef verdéng hunn, a net just komesch Bléck an Ofleenung. An do si mer der Meenung, dass eis Resolutioun definitiv déi richteg Mesure proposéiert, fir dëse Problem effikass ze bekämpfen. Dowéinst biede mir iech, stemmt fir eis Resolutioun, a suergt dofir dass net Leit op der Streck a sech selwer iwwerlooss ginn, justwell se eemol an hirem Liewen e Feeler gemaach hunn. Der maache mir schliisslech all.

Merci.

 

[1] http://www.mj.public.lu/actualites/2016/09/Felix-Braz-presente-la-reforme-de-l_administration-penitentiaire-et-de-l_execution-des-peines_/Dossier-de-presse-reforme-penitentiaire-Braz.pdf

 

[2] http://www.justice.public.lu/fr/organisation-justice/ministere-public/parquet-general/assistance-sociale/index.html

 

[3] Service Psycho-Socio-Educatif

[4]Dëse Budget géif benotzt ginn, fir z.B. e Loyer fir eng Wunneng unzebezuelen, respektiv eng Kautioun fir eng Wunneng. Esou hätt de Locateur dann och eng Garantie, dass de Loyer zur Zäit antrëfft.

 

[5] Ouni Aarbecht keng Wunneng, an ouni Wunneng keng Aarbecht