walk

De 60. Anniversaire vun Europa feieren, Lëtzebuerg an Europa entdecken, wandere mat de Politiker an der Stad! Den 13. Mee konnt een dat Alles um 1. „Walk 4 Europe„ man, deen an der Stad stattfonnt huet. Et gouf  e klenge Parcours vu 6 Km, an e grousse vun 10km organiséiert am Zesummenarbescht vum Bureau d’information du Parlement européen zu Lëtzebuerg,  den RP-Commission européenne, de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d’Fédération luxembourgeoise de la marche populaire (FLMP). Den Départ an d’Arrivée ware beim groussen Theater vis-à-vis vum Glacis, wou och d’Jugendparlament mam Infomobil stoung an flott Aktivitéiten ugebueden huet. Den JP huet och e kniwwelege Quiz iwwer Europa ausgeschafft, deen net sou einfach ze beäntwerte war, mee wou een de ganze Wee Zäit hat fir di richteg Äntwerten ze sichen. Et ware ganz vill engagéiert Jonker a Politiker dobai, déi hier Wësse géinteneen teste konnten.

JP an eis Jonker hun en Zeechen fir Europa gesat!

Op eisem Site Fb kennt der d’Fotoen kucken.

https://www.facebook.com/jugendparlament/

https://www.facebook.com/walk4europe/