Den 11te Mai fënnt den Ofschlosssommet vun der Sessioun 2018/2019 vum Jugendparlament statt. Mär freeën eis den Dag all déi ausgeschafften Resolutiounen ze presentéieren, ze diskutéieren an ofzestëmmen. Ausgeschafft goufen ënnert anerem Resolutiounen zu den Themen “Ongerechtegkeeten am Lëtzebuerger Wahlsystem”, “Gestioun vum Offall”, “Steigend Ongerechtegkeeten an eng net ausräichend Informatiounspolitik an der EU”. Et gouf zu dem en Avis zum neie Stagegesetz ausgeschafft. Déi ofgestëmmte Resolutiounen wäerte mär dann den 7.Juni an d’Chamber virstelle goen.

Um Ofschlosssommet vum Jugendparlament gëtt ausserdeem e neie President an e neien Exekutivbüro gewielt. Mär freeën eis den Dag den Jean Asselborn, Ausseminister an Europaminister, als Gaaschtriedner begréissen ze kënnen. Eng Diskussioun an en Austausch iwwert déi aktuell Situatioun an Europa, en vue vun den Europawahlen, an speziell d‘wichtegkeet vum Engagement vun jonken fir d‘Zukunft vun Europa sinn virgesinn!  
Umellen kënn dir iech ënnert dësem Link http://bit.ly/Sommet1819 Et kann en och gär als Visiteur ouni droit de vote laanscht kommen. Ënnert dësem Link kënn dir iech als Visiteur umellen.