Viru genau 100 Joer gouf Lëtzebuerg a Wahlbezirker opgedeelt[1]. Säit dem huet eis Gesellschaft sech steeteg verännert an entwéckelt. Sou ass zum Beispill de Prozentsaz vun den Auslänner staark an d’Luucht gaange genausou wéi d’Bevëlkerungsdicht vu verschiddenen Dierfer a Stied sech verännert huet. Dann stellt ee sech d’Fro op de Wahlsystem sech net och ännere misst.
Des Weideren ass eis opgefall, datt et eng Rei Demokratiedefizite ginn, dorënner fällt ënner anerem d’Altersbeschränkung an de Manktem vum Auslännerwahlrecht an der repräsentiver Demokratie wéi Letzebuerg eng ass. Ëmmerhi si 57% vun der Bevëlkerung net wahlberechtegt, deemno geet just eng Minoritéit wielen a bestëmmt d’Politik vum Land, wat onvirdeelhaft an eng gerecht repräsentativer Demokratie a Fro stellt.
Ausserdeem koum et 2015 hei zu Lëtzebuerg zu engem Referendum deen dräi Froe beinhaltet huet: D’Wahlrecht ab 16, d’Auslännerwahlrecht an d’Mandatsbeschränkungen. Dës dräi Froen si vun der wahlberechtegter Bevëlkerung ofgelehnt ginn. An dëser Resolutioun erkläre mir Iech wéi eng Problemer de lëtzebuergesche Wahlsystem huet aproposéieren deementspriechend och akut Verbesserungen.

Eis Kommissioun:
a. Ass alarméiert, datt hei am Land nëmmen eng Minoritéit wiele kann. D’Kommissioun:
o Bedauert, datt d’Altersbeschränkung d’Minoritéit ënnerstëtzt.
o Weist drop hin, datt ons auslännesch Matbierger an den Nationalwahle kee Wahlrecht hunn, wat och erëm d’Minoritéit als Wielerschaft ënnerstëtzt.
b. Ass iwwerzeegt, datt de Panaschéiersystem de Bekanntheetsgrad vu Kandidaten iwwert deenen hier fachlech Kompetenze stellt.
c. Erënnert, datt eise Rechemodell grouss Parteie vis-à-vis vu klenge Parteie bevirdeelegt well si e Rechtsetz kréien. Dëst ass net nëmmen opgrond vun eisem Rechemodell mee och opgrond vun der Opdeelung vun de Bezierker de Fall.
d. Stellt fest, datt et weder e reegelméissege Wiessel nach ee Renouveau an der Zesummesetzung vun den Deputéierten a Ministere feststellbar ass a soumat keng dynamesch Politik genausou wéi d’Abrénge vun neien Ideeën ass virhanden ass.
e. Bedauert, dass d’Gesetz vun der Verletzung vun der Wahlflicht net respektéiert, respektiv applizéiert gëtt.
f. Mëcht opmierksam, datt den Duerchschnëttsalter be deWahlberechtegten zéng Joer méi héich ass wéi den Duerchschnëttsalter vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung. Dëst féiert dozou, datt déi Ideeën, déi déi Jonk betreffen, oft net a Betruecht gezu ginn. Am Géigendeel,
et ginn éischter déi Problemer, déi déi eeler Schichten uginn, berécksiichtegt.
g. Erkennt, datt een opgrond vun de Wahlbezierker e begrenzte Choix huet. Sou kann e Wieler aus dem Norden beispillsweis kee Kandidat aus dem Süde wielen.

Eis Kommissioun:

  1. Verlaangt d’Aféierung vum Wahlrecht ab 16. Domadderverbonn soll an der Schoul och méi
    iwwert Politik geschwat ginn. Zum Beispill soll dat scho bestoend Fach Instruction civique méi ausgebaut, säi Potenzial fir eng politesch Bildung méi ausgeschöpft a méi fréi agefouert ginn. Domat wëlle mir méi Informatioun a praktescht Schaffen, wéi zum Beispill Diskussiounen, fuerderen. Dëst ass wichteg fir dem jonke Wieler d’Politik méi no ze bréngen.
  2. Fuerdert d’Auslännerwahlrecht fir EU- an Net-EU-Bierger anzeféieren. Dëst stelle mir eis ënnert bestëmmte Konditioune vir:
    o Eng Residenz- an Aarbechtsklausel vu fënnef Joer
  3. Erwaart, datt d’Panaschéiermethoden vun anere Länner, déi de Problem mam Bekanntheetsgrad minimiséiere kéinten, a Betruecht geholl an ëmgesat ginn. Zum Beispill kann een an der Belsch nëmmen op enger Parteilëscht panaschéieren an an Däitschland gëtt
    de System vun der ersten und zweiten Stimme1 ugewendt.
  4. Recommandéiert alternativ Rechemodeller, wéi dee vum André Sainte-Laguë2. Wärend de momentane Rechemodell ëmmer ofronnt, ronnt dëse Rechemodell nom normale Prinzip op.
  5. Schléit fir, datt d’Parteie méi Wiessel, wéi zum Beispill méi Jonker, an hier Wielerlëschten abréngen. Dëst soll zum Beispill bei Chamber a Regierungsmandater op zwee konsekutiv Legislaturperioden limitéiert ginn, a vir t’dauer vun enger Legislaturperiod net untriede kann bevir ee sech nach eng Keier opstelle kann.
  6. Erwaart, datt d’Konsequenze vun der Verletzung vun der Wahlflicht méi konsequent vum Staat verfollegt ginn.
  7. Proposéiert, datt Stëftungen, Plattformen an Informatiounsquellen, wéi den Zentrum fir Politesch Bildung oder smartwielen, méi vum Staat ënnerstëtzt, verbessert an ausgebaut ginn.
  8. Encouragéiert, datt een, wann een als auslännesche Matbierger bis d’Konditioune fir dat passiivt Wahlrecht erfëllt, e Bréif Heem geschéckt soll kréie fir, datt een op säi Wahlrecht opmierksam gemaach gëtt.
  9. Verlaangt d’Neiberechnung vun de Sëtzverdeelung pro Wahlbezierk an d’Méiglechkeet iwwert d’Wahlbezierksgrenzen driwwer eraus wielen ze kennen.

Eng Demokratie kann nëmmen da funktionéieren, wann d‘Vollek d’Entscheedungen trëfft; dofir ass eng Majoritéit vu Wahlberechtegten noutwenneg. De Problem ass, datt hei am Land nëmmen eng Minoritéit wiele geet. D’Entscheedunge vun dëser Minoritéit betreffen awer d’Majoritéit vun der Bevëlkerung. Mee kann een da wierklech nach vun enger Demokratie schwätze wann eng Minoritéit iwwert eng Majoritéit bestëmmt? Nëmme well 2015 am Referendum déi dräi Froen ofgelehnt gi sinn, muss dat net heeschen, datt dat eng endgülteg Decisioun fir déi nächst Generatiounen ass. Et kann een dat net einfach ënnert den Teppech kieren an dovunner ausgoen, datt dës Themen dann ni méi ugeschwat wäerte ginn.
Ausserdeem hunn zwou vun deene Froen net mol d’Wieler selwer betraff.
Zudeem sinn 1972, wou de Wahlalter vun 21 op 18 Joer erofgesat ginn ass, déi nämmlecht Argumenter opgelëscht gi sinn, wéi bei der Senkung vum Wahlalter op 16.
Fir deemools war de System villäicht gutt, mee eis Gesellschaft verännert sech, genausou wéi all aner och, steeteg weider a genausou muss dat och fir en zäitgeméisst Wahlsystem gëllen, amplaz sech zeréckzelehnen, nozekucken an näischt géint de gréissten Demokratiedefizit vum Land ze
ënnerhuelen. Eis Gesellschaft verännert sech, eist Land verännert sech an eis Politik a Gesetzer musse sech deementspriechend och veränneren.

 

Cliquez ici pour télécharger le PDF