D’Jugendparlament ass eng Plattform, wou Jonker ënnertenee kënnen hier politesch Meenungen austauschen an iwwer divers aktuell Sujeten diskutéieren. Natierlech soll d’Aarbecht vun de Membere festgehal ginn, an och un d’Ëffentlechkeet goen. Dorëms, an nach em vill aner Aspekter këmmert sech ab elo den neie Media Team!

12 Memberen hunn sech zesummegedoen, fir ë Media Team ze grënnen. Bis elo hunn mir eis och schonn ë puer mol getraff, hunn vill Ideen ausgetosch an hunn un enger Formatioun deelgeholl. Ausserdem, huet d’Media-Team op der Fête de l’Europe d’Leit an der Staat zu 2 Referendum-Froen hier Meenung gefrot an dorausser ee flotte Video gemaach. Als nächste Projet steet dann elo eng Brochure um Plang, an der an diverse Rubriken d’Aarbecht vun de Memberen, vum Bureau excécutif, mee och vum Media Team selwer op kreativ a modern Aart a Weis dokumentéiert soll ginn.

Ziel vum Media Team ass et, frësche Wand an d’Jugendparlament ze bréngen. Mir suergen dofir, dass d’Membere souwuel iwwert déi sozial Netzwierker, wéi och iwwert den offiziellen Internet-Site vum Projet ëmmer um neiste Stand bleiwen. D’Membere solle mat méi Motivatioun a Loscht um Projet deelhuelen, an duerch verschidden Aktioune vum Media Team nei a kreativ Ideen kréien. Sou wäerte mir och um Sommet ee flotte Video dréinen an, wéi och an allen Komissiounen, Fotoe maachen. Duerch dëse neie Projet ass d’Jugendparlament méi modern, méi präsent an de Medien a méi interessant fir seng Memberen.